Eis Philosophie
Als lëtzebuergesche Betrib leeë mir grousse Wäert op Qualitéit, Eenzegaartegkeet a regional Verbonnenheet. „Coups de coeur“ bedeit op franséisch „Häerzstéck“ - a genau dës Emotioun wëlle mir mat eise Kollektiounen zum Ausdrock bréngen. Eis Produite spigelen de Charme vu Lëtzebuerg erëm a bréngen dës Stëmmung bei Iech heem.
Wisou Coups de coeur?
Eenzegaartegkeet
All Produit aus eise verschiddene Kollektiounen ass eenzegaarteg a gouf mat vill Léift zum Detail entwéckelt, fir Iech eng Erënnerung un d’Regioun an u flott Momenter ze bidden.
Qualitéit
All eis Produite ginn aus ausgewielte Materialien an traditionellen Techniken an Europa produzéiert. Nohaltegkeet a Bestännegkeet sinn eist Verspriechen un Iech.
Regional Verbonnenheet
Mir si stolz op eis lëtzebuergesch Wuerzelen an integréieren de Charme vun der Musel an d’Lëtzebuerger Kultur an eisen Design.
Eis Missioun
Eis Produiten erfëllen net nëmmen en Notzen, mee se sollen Iech Freed maachen. Et leit eis um Häerz Iech en Deel vun eiser Passioun an eiser Kultur bei all Akaf matzeginn. Mat eise Kollektioune wëlle mir Iech den Alldag e Stéck méi flott maachen